Downloads  vor >>
  1. Porte-Ouverte 2011
  2. Porte Ouverte 2010
  3.
 
  Online: 1
  Heute: 714
  Total: 6367
 
 
conge vum 25.12. - 25.01.12
 
 
 November - Februar - Weld-Saison
 Août - octobre - Voll Eer - oeufs pl...
 24.12. - 12.01.2011 - Congé
 17.12 an 23.12.2010 - Verkaf doheem
 21.05.09 - Verkaf vu Fleesch



Mir fannen ëtt flott dass dir eis op eiser Straussefarm am Internet besichen kommt. Als Belounung kritt

dir och e puer Informatiounen.

Eis Straussefarm besteet ewell schon zënter 1994. Mir haten en

Baurebetrieb matt nëtt allzevill Mëllechquoten an wollten dofir emol

eppes aneschtes probéiren, eppes watt ëtt hei am Land nach nëtt

gouf, a watt am Ausland z.B. an der Belge an an Holland vill Succès

hat.

Ugefangen hu mer matt 10 klengen Straussen, an elo, 10 joer duerno hu mer der em di 300.

Di exotesch Déieren hun sech gutt bei eis agelieft a lafen dobaussen op der Wis.

Eis Straussen gin virun allem gehalen weens dem gudden cholesterinarmen Fleesch. Praktesch all

Woch gëtt zu Wecker an der Coboulux geschluecht.

D'Verschneiden vum Fleesch gëtt vun eis selwer gemach . Mir sin e

Selbstvermarktungsbetrieb a verkafen niewend Straussefilet an - steak

och Zoossissen, Paté, Straussinger

(Thuringer aus Straussefleesch) , Knackien.

Straussefleesch ass immens gutt fir ze grillen a fir Fondue. Alles kritt éen

awer nëmmen op Bestellung.
Mé och aus hirer Haut loossen mir nach flott Sachen aus Lieder

machen: wertvoll Poschen, Porte-Monnien, Schong ,Rimmer a.s.w.

Ausgeblosen Eer gin geholl fir

Decoratioun, fir ze bemoolen, fir

Blummengestecker , oder souguer fir Stéluuchten. Fiëderen kréie mer gefrot

vun Filmproduktiounen hei am Land, déi frou sin se nëtt brauchen aus dem

Ausland kommen ze loossen.
 

Mir machen och Visite-Guidéen. Vill Schoulklassen sin bis elo op eiser Farm passéiert, awer och Veräiner

froen fir eng Visite. Eng Führung dauert ongeféier eng Stonn. Mir machen t'Visiten awer nëmmen vun Abrëll

bis September.

Niewend der Wis wou d'Straussen lafen ass och eng flott Gemengen-Spillplatz.

Hu dir elo nach Froen? Zeckt nëtt eis ze kontaktéieren.

Villäicht gesi mer eis eng Kéier hei zu Fëlschdrëff op der Straussefarm.

Bis dann

 

Nach e puer extra Informatiounen zu eisen Straussen? Einfach hei klicken