|
|
November - Februar - Weld-Saison |
| Vun elo un kenn dir Weld bei eis op de Moart kafe kommen oder bestellen. Dat Weld ass aus eiser eegener Ziichtung. En halleft oder e ganzt Réi matt de Schanken kri dir fir 12€ de Kilo. Eenzel Stecker wéi de Réireck, Brot, Noss, Ragoût, Filet verkafe mer zu verschiddene Präisser. |
|
|
Août - octobre - Voll Eer - oeufs pleins |
| Vun elo un krit dir op Bestellung voll Eer ze kafen fir 20€ d'Steck.A vendre: oeufs pleins à 20€/pièce |
|
|
24.12. - 12.01.2011 - Congé |
| Mir hu Congé vum 24.12. bis den 12.01.2011. |
|
|
17.12 an 23.12.2010 - Verkaf doheem |
| Den 17. Dezember an den 23. Dezember 2010 hu mir eise Weenchen doheem am Haff vun 17 bis 19 Auer op bei engem Pättche Glühwäin. Duerno hu mer zou bis den 12. Januar.
|
|
|
21.05.09 - Verkaf vu Fleesch |
| All Freides vun 17 bis 19 Auer hu mer doheem eise Verkafsweenchen op. Do kenn der dann Fleesch an alle Variatiounen (Steak, Filet, Zoossiss, Knackien, Wirschtercher a.s.w.) kafen. Kuckt awer w.e.gl. ee der kommt op eiser Home-Page no, well wa mer duerch iergend en Emstand nett kennen ophunn, gi dir dat hei un. Villäicht gesi mer eis dann emol hei. Bis dann. |
|
|
20.07.2006 - Moart Stat an Diddeleng |
| Donneschdes vun 7.30 Auer bis 12.30 si mer zu Diddeleng um Moart, an Samschdes vun 7Auer bis 13 Auer si mer an der Stat um Moart. Villäicht gesi mer eis dann eng Kéier. Bis dann |
|
|
|